En cette fin de Semaine Nationale du Logement, le billet de Monsieur Marc Hostert, économiste travaillant au sein d’une Institution européenne et membre du Conseil scientifique de la Fondation IDEA asbl,  revêt toute sa pertinence.

Ce billet a été diffusé sous forme de Carte Blanche sur RTL le 30 septembre 2016. Version audio à retrouver à l’adresse suivante : http://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche/961185.html

BaAm Oktober ass nees, wéi all Joer, d’“Semaine nationale du Logement”. An der Luxexpo ass dann och déi nei Hierschtfoire ënnert dem Titel “Home & Living Expo”, wou et ëm Konstruktioun, Renovatioun an Dekoratioun vun eise Wunnenge geet!

Oder geet et hei ëm méi? Ëm e Grond-Bedierfnes vum Mënsch no Sécherheet a Protektioun a senge 4 Maueren?

Firwat ass d’ Wunnen hei am Land esou deier? Wéi sollen eis Kanner sech hei am Land eng Wunneng leeschte kënnen? Gëtt d’Wunnen e Luxus?

Dëst si Froen, déi zanter Joren ëmmer méi oft a méi haart gestallt ginn.

Eleng an deene leschten zwanzeg Joer ass d’Bevëlkerung hei am Land ëm 42% gewuess, dat heescht iwwer 170.000 Awunner sinn derbäi komm. Parallel dozou sinn 190.000 nei Aarbechtsplaze geschaf ginn, wat eng Hausse vu ronn 90 % duerstellt. Dës zwee Faktore vun eiser dynamescher Ekonomie hunn eleng schonn en immensen Impakt op eisen Immobilie Maart. D’Präisser an der Stad sinn zanter Joren op Rekordhéischten. Zu Déifferdeng bezilt een haut d’Präisser vun Berlin. Dës Iwwerproportional Steigerung vun Immobiliëpräisser par Rapport vun der genereller Präis-Steigerung ass hei am Land eng Realitéit, déi wäit iwwert déi 40 gëlle Joren eraus geet, well d’Offer der Nofro an engem developpéierten Awanderungsland oft net no kënnt.

Eisen extensive Wuesstem an déi gutt Performance vun eiser Bankeplaz hu weider zu dëser Entwécklung bäigedroen. Derbäi kënnt sécherlech och, dass all d’Acteuren an dësem System vun der permanenter Präis-Steigerung net benodeelegt gi sinn an dofir och keen direkten Intressi hunn, dëser Dynamik en Enn ze setzen.

Dëst eleng erkläert awer net, firwat de Präis tëschent engem Terrain oder Haus zu Wäisswampech an enger Bauplaz oder engem Haus zu kleng Heckhuscheid an Nei-Belgien oder tëschent enger Bauplaz oder Haus op der Lëtzebuerger Säit op der Musel an enger op der däitscher Säit op der Musel dräi bis 4 Mol méi deier ass, awer nëmmen e puer Kilometer vun der Grenz sinn.

Baue mir mat aneren Zillen ewéi am Ausland?

Mir baue mat Zillen, wou aner Saache mat dra sinn ewéi am Ausland.

Mat an den Zillen ass mat “agepräist” eis Fiskalitéit, d’Sécherheet, eis Schoulen, eise Sozialstaat zu engem groussen Deel, eis Infrastrukturen, d’Opportunitéitskäschte vun eise Stauen op den Autobunnen, den Accès zu eise Kulturhaiser, deemno eise gesamte “Safe-Habour” par rapport zum Ausland.

Dëse “Safe-Habour” zitt vill, ganz vill, iwwerproportional vill Leit un, vu wäit an no. Dofir wäert et och net méiglech sinn, d’Präisser op dem normale Marché duerch eng Steigerung vun der Offer an de Grëff ze kréien, ouni ordnungspolitesch Kanounen eraus ze huelen.

Et sollt een dofir och ophalen, ze verzielen, datt een den normale Marché an de Grëff géif kréien.

Dat eenzegt, wat méiglech ass, ass, e spezifeschen a cloisonéierte Marché ze developpéieren, wou fir d’Awunner mat nidderegem Akommes Wunnraum an alle Quartieren developpéiert gëtt, deen hinnen zur Verfügung gestallt gëtt fir déi Zéit, wou si d’Hëllef brauchen.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *