An de leschte Wochen a Méint ass vill iwwert eisen ekonomesche Wuesstem diskutéiert ginn: Brauche mir manner oder aneren Wuesstem hei am Land?

All moies déi selwecht Erausfuerderung. Wat fir nei Chantiere sinn do? Wéi vill Spure sinn op, wéi kommen ech sécher a pénktlech op d’Aarbecht. Am Trafic all Dag, am Logement op d’mannst emol am Liewen a bei den Infrastrukture ganz dacks mierke mer, dass mer op ville Plazen «hanne bäi a vir widder sinn».

Well vun dëse Problemer ëmmer méi Leit betraff sinn a sech opreegen a Froe stellen, ass heiduerch eng Debatt iwwert eise Wuesstem entstanen: Ob mir esouvill Wuesstem brauchen an ob dëse Wuess-tem néideg ass?

Dëst ass an zweeërlee Hisiicht eng intressant Fro, well se ënnerstellt, dass eng kleng, oppen Ekonomie agebett an Europa hire Wuesstem gréisstendeels steiere kann an zweetens, dass mer duerch manner Wuesstem eis Problemer léise kéinten.

Mir sinn keng Insel an hunn a verschidden Domainer eis Souveränitéit mat deenen aneren europäeschen Länner gedeelt, dat heescht all Bierger aus Europa ka sech an deenen aneren EU-Länner nidderloossen, schaffen an entrepreneurial aktiv ginn. Dat selwecht gëllt fir déi aner Grond-Fräiheeten an Europa.

Den aktuelle Statistiken no berot eise Wuesstem haaptsächlech net op enger Augmentatioun vun eiser Produktivitéit, méi haaptsächlech op enger Befeierung mat zousätzlechen Ressourcen ewéi Land, Personal a Kapital.

Mir brauchen awer en néidegen Niveau u Wuesstem fir éischtens, de Strukturwandel oprechtzerhalen, dat heescht, dass eis Betriber technologesch evoluéieren an neier derbäi kommen. Zweetens, fir eise soziale System oprechtzerhalen. Drëttens, ass de Wuesstem e Fräiheetsgrad fir eis Politiker, fir déi eng oder aner Kamell ze verdeelen, ouni engem aneren eppes ewechhuelen ze missen.

En Impakt op d’Situatioun

Beim Logement a bei den Infrastrukturen, do huet den héije Wuesstem deelweis en Impakt op d’Situatioun, awer och nëmmen deelweis, well wa mer och nëmmen d’Halschent vum Wuesstem gehat hätten an de leschte Joren, hätte mer do awer grouss Problemer.

Fir den Tram hu mer knapp 25 Joer gebraucht, fir 4,2 Kilometer ëmzesetzen an d’Nordstrooss ass no 40 Joer fäerdeg ginn. Hei läit genau ewéi am Logement en iwwer-parteiescht a gesellschaft- lecht Versoe vir; villäicht well mer keng gemeinsam gedeelten Zukunftsvisioun vu Lëtzebuerg hunn.

Trotzdeem, hu mir awer verschidde Méiglechkeeten eisen aktuelle Wuesstem ze beaflossen a méi nohalteg ze maachen. Dëst kënne mer iwwer Subventiouns- Steier- a Standuertpolitik maachen, fir de Konsum vu Ressourcen z’optiméieren a fir méi e qualitativen a ressourcenschounende Wuesstem ze ënnerstëtzen.

Mir subventionéieren ënnert anerem de Landverbrauch an der Industrie. Mir subventionéieren déi individuell Mobi- litéit, mir subventionéiere gutt bezuelten Aarbechtsplazen iwwert d’Krankekeesen an d’Pensiounskeesen a befeieren doduerch zousätzlech de Konsum vun neie Ressourcen, ouni onbedéngt ze kucken, wat déi nei Aktivitéiten dem Land bréngen.

Dofir mussen dës dräi Politikfelder op de Leescht geholl ginn, wa mer un ee méi qualitative Wuesstem iwwer e puer Joren erukommen wëllen. Dës Approche verlaangt Mutt an eng grouss Responsa- bilitéit vun eise Politiker a vun eis all, déi hei wunnen oder schaffen.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *